D'Melissa Louise Dennett (USA) ass déi nei Auslännerin déi eis Dammen an der Saison 2008/09 verstärke wärt.
Hat ass 1m86 grouss an huet 24 Joer (09.11.1983, Idaho). D'lescht Joer huet et bei den Eisvögel Freiburg (D) gespillt. Virdrun war et an der NCAA 1 aktiv, op der Colorado State University.
Mir wenschen dem Melissa alles Guddes a vill Erfolleg.!
Interviews +++Update+++
Ennert der Rubrik Interviews fann daer elo och aktuel en Interview mam fréieren Amerikaner Kirk Baker. Vill Spaass beim liesen.
Aktualiséierungen um Site
Jiddfereen huet elo Paus. OCH DU ;o) Dest gelt natirlech net fir eisen Internet Site. No eiser éischter Saison wou maer mat engem +/- professionnellem Site geschafft hunn, musse maer elo kucken wat gudd a wat manner gudd wuar fir dass daer och d'nächst Saison erem kent monter drop lass surfen. Dofir biede maer ierch bei verschiddene klenge Stéierungen an deene nächste Wochen een oder heiansdo och zwee Aan zouzepëtzen.
Villmols Merci
Intervilles 2008
Déi éischt Oplag vum Intervilles zu Letzebuerg wuar e vollen Erfolleg. Mat exzellente sportleche Leeschtungen a mat witzegen Stunts, hunn d'Akteuren um "Spillfeld" fir eng flott Ambiance gesuergt. Niewend den Akteuren UM Terrain wuaren awer och zimlech vill Akteuren NIEWEND dem Terrain aktiv an hu fir eng super Stemmung an der Schwemm gesuergt. Leider ass et net duer gangen fir eng éischt Platz, wat awer enger super Party nom Intervilles net am Wee sollt stoen. Hei wuaren op emol nemmen nach gréng T-Shirten ze gesinn.
Maer freeen eis alleguer schon op eng méiglech Revanche am nächste Joer.
Transfertkarussel beim T71
Nodeems déi 2 Trainerposten fir d’Saison 2008/2009 bei den Dammen, Jacques Sitz, wéi bei den Haeren, Jan Enjebo, besaat goufen, huet elo eppes missen um Niveau vun de Spiller geschéien. Bei eisen Dammen ass secher, dass d’Katie Donovan den T71 waerd verloosen, mee dofir ginn sie vum Carole Sitz verstärkt. Déi 1m73 grouss Guard Spillerin kent aus de States zeréck, wou hat fir d’Elon University (NCAA) opgelaaf wuar.
Carole Sitz
Yann Herrmann
Och eis Haeren hunn zougeschloen: no den Ofgäng vun Tom Schumacher a Fränk Muller a Richtung States, huet den T71 missen reagéieren. Mat de Verpflichtungen vum Yann Herrman, 1m96 an 19 Joer, a vum Mike Kostur, en EU-Auslänner vun 2m05 an 34 Joer, dierften d’Centerproblemer fir déi nächst Saison geléist sinn.
Am Numm vun den Drummers wensche maer hinnen alles Guddes fir hier sportlech Carrière zu Diddeléng.
Go T71!!!
Espoires an Espoirs Champion
E Samsdeg, den 31te Mee, hunn béid Espoirs Formatiounen vum T71 zu Diddeléng konnten de Champions-Titel an hierer Catégorie feieren. D'Drummers gratuléieren a soen merci fir déi mega Party.